Neiegkeeten

30.11.2009

Georges Gelhausen huet 500 Mätcher fir den Gréiwemaacher Deschtennis gespillt.

Mat senger Equipe Gréiwemaacher 2 huet den Georges géint Mäertert 3 sein 500 Mätch den 30 November 2009 zu Mäerter gespillt. Seng Equipe huet sech mat 9-1 duerchgesaat, an de Georges huet och all seng Mätcher gewonn.

 

12.12.2009

Final vun der Coupe Fräntz Think gewennt den Deschtennis Gréiwemaacher zu Roodt/Syr mat 5-4 géint Abol Esch.

 

03.01.2010

D'Final vum Critérium National Seniors zu Gréiwemaacher huet bei den Hären den Traian Ciociu vum D.T.Iechternach gewonn virum Fabien Simon D.T.Fiels/Iernzen an dem Gilles Michely vum D.T.Diddeleng.

Bei den Dammen wennt d'Egle Sadicovic vun D.T.Nidderkäerjeng virum Simone Haan Réimech an dem Sarah De Nutte vum D.T.Ettelbrëck.

 

24.01.2010

Eise Spiller Ronny Hortsch gewennt glëich zwou Kategorien zu Ell um Tournoi. (D40 an D35) an as elo ab sofort D35. Bravo Ronny

 

24.02.2010

De Mike Bast gewënnt 2 Medaillen ob den individuellen Landesmeeschterschaften an der Coque fir den D.T.Gréiwemaacher.

den Titel bei den Hären am Dubbel wennt hien mat sengem Komerod Gilles Michely (D.T.Diddeleng) an der Final 3-2 géint Koppel Arlindo De Sousa- Fabien Simon. Eng drett Plaaz am Dubbel-Mixed geht und de Mike Bast mam Simone Haan (D.T.Réimech)

 

07.03.2010

Georges Gelhausen an Patrick Michely gewannen zesummen ob der Landesmeeschterschaften vun den Veteranen C-D Bronzemedaille an der Equipe. Zu Beckerich huet Equipe vu Recken sech virun Bissen an Gréiwemaacher plazéiert.

 

21.03.2010

Landesmeeschterschaften Cadets-Juniors-U21 

zu Gréiwemaacher

De Luc Michely gewennt bei den U21 Bronze-Medaille am Eenzel.

 

Organisatiounen

Landesmeeschterschaften Cadets-Juniors-U21 21. März 2010

Des Joer gin Landesmeeschterschaften vun den Jugendkategorien Cadets-Juniors an U21 zu Gréiwemaacher am Centre Sportif et Culturel gespillt.

Mam Olivier Bavay kritt den DTG eng nei Verstärkung an der 1. Equipe